Gesond, lecker Fingerfood & Buffeten fir deng Feier
Kleng Catering fir Gebuertsdag, Owend mat Frënn oder Team‑Event – mat Léift preparéiert, räich u Proteinnen a liicht un Kalorien.
Wat maache mir?
Gesond & Léif preparéiert
Ech bidden kleng Buffeten a Fingerfood fir däin Event un – Gebuertsdag, Owend mat Frënn oder och eng gemittlech Feier. All Geriicht ass räich u Proteinnen an niddereg u Kalorien, sou dass s du deng Gäscht mat guddem Gewëssen bewirte kanns.
Wou kënnt d’Iddi hier?
Meng Passioun fir Sport a gesond Ernärung huet mech dozou bruecht, fir Frënn a Famill nei Rezepter auszeprobéieren. Duerch hire Feedback ass lues a lues eng kleng Menü‑Lëscht entstanen, déi ech elo mat aneren deele wëll.
Wat kriss du?
- High‑Protein & Low‑Calorie Partyfood
- Kleng Menü‑Kaart fir verschidde Persounenzuelen
- Handgemaach mat vill Léift an Opmierksamkeet
Firwat ech?
Ech sinn d’Lea, 19 Joer aal, Studentin a passionéiert Sportlerin. Nieft mengem Studium ass d’Kachen a Baken mäin Ausgläich, an ech freeë mech, mäi Catering elo och aner Leit zu Lëtzebuerg unzebidden.
Galerie
Kontakt & Ufro
Schéck mir wgl. e puer Detailer – ech mellen mech sou séier wéi méiglech.
Preferéiers du Instagram? Schreif mir eng DM: @leasproteincatering